Podsumowanie odcinka
De Prix Goncourt 2026 geet un "L'inconnue du quai de Javel" vum Philippe Jaenada. De Jeff Schinker ass beim Valerija Berdi am Studio a schwätzt iwwert de Gewënner an déi dräi aner Finalisten.
De Prix Goncourt 2026 geet un "L'inconnue du quai de Javel" vum Philippe Jaenada. De Jeff Schinker ass beim Valerija Berdi am Studio a schwätzt iwwert de Gewënner an déi dräi aner Finalisten.
Odcinki
De Prix Goncourt 2026 geet un de Philippe Jaenada
SłuchaneDe Prix Goncourt 2026 geet un "L'inconnue du quai de Javel" vum Philippe Jaenada. De Jeff Schinker ass beim Valerija Berdi am Studio a schwätzt iwwert de Gewënner an déi dräi aner Finalisten.
Déi véier Elementer als imprévisibel “Kënschtler”
SłuchaneEng Skulptur gëtt, per Definitioun, aus fester Matière wéi Holz oder Stee geschloen, respektiv gemeesselt; ma och Aarbechten, déi zum Beispill a Bronze gegoss oder mat Leem modeléiert ginn, falen an dës Kategorie. Dat schéngt elementar. De Max Mertens, Joergang 1982, huet zu Wien Skulptur studéiert, ma weder schnëtzelt hien, nach hummert oder seet hien. Hie stellt d’Beweegung, den Transformatiounsprozess aus: an zwar gréisstendeels dee vun Alldagsgéigestänn, déi hien zweckentfriemt zu Installatiounen zesummebaut. Dat schéngt beim Max Mertens senger Aarbecht elementar. “Elementar” ass och den Titel vu senger aktueller Expo an der Diddelénger Galerie Nei Liicht. D’Kerstin Thalau war se kucken an huet de Max Mertens an eise Studio invitéiert.
Nei am Kino
SłuchaneDen Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage.
The 90s : Art & Fashion
SłuchaneD‘Kate Moss, den Alexander McQueen, d‘Young British Artists – D‘brittesch Moud an Konscht waren an den 90er Joren alles anescht wei langweileg. Eng Ausstellung am Tate Britain zu London probéiert dëst Joerzéngt anzefänken, wat awer net ëmmer geléngt. D‘Claire Barthelemy war fir eis kucken.
Prix Goncourt: "L'inconnue du quai de Javel" vum Philippe Jaenada
SłuchaneMuer an der Mëttesstonn gi mer endlech gewuer, wien ee Joer nom Laurent Mauvignier sengem Roman "La maison vide" de Prix Goncourt 2026 krut – ee Prix Goncourt, dee vill Welle geschloen hat, well ee vun de Favoritten, dem Thélyson Orélien säi Roman "C’était ça ou mourir", wéinst dem Verdacht, de Roman wier mat enger KI geschriwwe ginn, vun der Lëscht geholl gouf. An der leschter Selektioun sinn nach véier Bicher: "De l’autre côté du lac" vum Sylvain Prudhomme, "Choses que je croyais perdues" vun der Clémentine Mélois, "L’inconnue du quai de Javel" vum Philippe Jaenada an "La solitude des professeurs est infinie" vum Yannick Haenel. De Jeff Schinker ass haut beim Marc Clement am Studio, fir d’Romaner vum Haenel a vum Jaenada ze beschwätzen.